Rosa Lëtzebuerg a.s.b.l.

Wat mir maachen!

D’Associatioun

1996 gouf d’Associatioun Rosa Lëtzebuerg gegrënnt mat der Aufgab sech ëm LGBTIQ-Persounen ze bekëmmeren an d’Gesellschaft betreffend Froen zu dësem Thema opzeklären. Den Akronym LGBTIQ bezitt sech op lesbesch, homosexuell, bisexuell a transidentitéit Leit. Transidentitéit steet hei fir all déi Leit déi sech net mat dem Geschlecht oder Genre identifizéiere kënnen / wëllen, dat si bei der Gebuert haten, verbonne mat de Rollen déi eis Gesellschaft domadder verbënnt.

D’Associatioun

verdeedegt a fuerdert d’Rechter vun LGBT Leit an all déi, déi direkt oder indirekt perséinlech betraff sinn. D’Ziel ass eng vollstänneg Gläichstellung vun dëse Leit ze erreechen.

D'Associatioun

kämpft géint all Form vun Diskriminatioun géint LGBT Persounen oder Leit direkt oder indirekt perséinlech betraff sinn.

D'Associatioun

schafft dorunner d’Gesellschaft ze sensibiliséieren an ze informéieren, souwuel déi wëssenschaftlech wéi och politesch Welt an d’Medien.

D'Associatioun

handelt besonnesch an de Beräicher vun der Justiz, der Gesondheet, dem gesellschaftleche Liewen, der Erzéiung, der Kultur a vum Sport.

D'Associatioun

bitt Aktivitéite ronderëm d’Theme vum Accueil, Animatioun, Formatioun a sozialer Famillje Berodung.

D'Associatioun

fuerdert wëssenschaftlech Recherchen am LGBT Kontext.

Memberen

Comitésmemberen

Newsletter Abonnenten

Tase Kaffi

gegrënnt am Joer

GayMat säit

LUXEMBOURG PRIDE säit